Hei lëschten ech Iech e puer wichteg Plugins fir WordPress ob.

Wann der Iech eng Säit fir ären Club maacht sinn des ganz wichteg (ech erklären iwwerall em wat et genau geet).


Déi mécht Plugins ginn et an enger gratis a bezuelte Versioun.
Falls net anescht erwäänt notzen ech ëmmer déi gratis Versioun.
NummBeschreiwungURL
Wordfence SecurityDest ass quasi den eischten Plugin den een aktiveiren soll.
Soubal een en Domain aktiveiert huet an dann Wordpress drop huet dauert et net all ze laang bis dei eischt Login Versich obtauchen fier eben Sait selwer ze hacken.
Ech hun Anstellungen nach verstärkt an gesoot dass een maximal 5 Versich huet iwert 4 Stonnen. Duerno ass een dann 2 Meind geblockt. Falschen Usernumm an et get een direkt geblockt.

Gratis Versioun geet eigentlech duer mä wann een zB. ee Shop bedreift, also Datë vu Leit um Site huet, notzt ee besser eng bezuelte Variant. 

Link zum Plugin
Simple Cloudflare TurnstileDëst ass een zousätzleche Sécherheets Plugin fir ze kontrolléieren ob een e Roboter ass oder net.
Gréissten Deels leeft dësen automatesch of ausser en huet seng Doute - Dann muss een e Rätsel léisen.

Och ganz wichteg fir dass Kommentarfunktioun net fir ze spammen ausgenotzt ka ginn...

Link zum Plugin
Classic WidgetsMat mei aktuelle Wordpress Versioun ass de Widget System iwwerschafft ginn. Ech sinn eigentlech ëmmer ee Verfechter dovunner dass een sech un dat neit upasse sollen awer an dësem Fall gouf et Verschlëmmbessert. Dofir sinn ech iwwert dëse Plugin hei frou well een do den normalen ale System kann notzen.Link zum Plugin
CodeMirror BlocksFalls der ob ärer Säit Codë wëllt duerstellen, also zum Beispill PHP, Java, an esou weider ass dëse Plugin praktesch well en Iech dat ganzt als proppere Syntax duerstellt oder anescht ausgedréckt e formatéiert ären Code dass e mei lieserlech ass 🙂Link zum Plugin
Complianz | GDPR/CCPA Cookie ConsentDëse Plugin ass ganz wichteg an der Europa Zone fir sech keng Problemer sichen ze goen. Et geet hei em Cookie Banner an esou weider fir GDPR konform ze sinn.
Fir een normale Site geet déi gratis Variant duer mä wann der ee Shop oder ähnleches hutt empfeelen ech Iech Premium Variant. Déi ass zwar net grad bëlleg mä se generéiert Iech déi wichteg Texter wei Cookie Policy, Geschäftsbedingungen an ähnleches fir ären Site.
Link zum Plugin
Conditional MenusDëse Plugin ass ganz nëtzlech wann een sech personaliséiert Menüe well erstellen.

Zum Beispill ass een ob der Säit mat Fotoe gesäit een e Menü mat allen Alben, ass een ob der Blog Säit de Menü mat de Blogkategorien an esou weider. Dëst ass nëmmen ee vu selechen Uwendungsméiglechkeeten.

Link zum Plugin
Contact Form 7De Kontakt Formular Ersteller schlecht hin. Well een een nëtzleche Kontaktformular feiert kee Wee laanscht dëse Plugin an a Verbindung mam Flamingo Plugin huet een nach de Virdeel dass Messagen déi gemailt ginn och an der Datebank gespäichert ginn. Dëst ass dann ee Virdeel falls emol Maile sollten ausfalen oder soss ee Problem domadder besteet.Link zum Plugin
Custom SidebarsErlaabt Iech zousätzlech Widgetberäicher a Sidebars ze kreéieren. Ersetzt ganz Sidebars oder individuell Widgets fir spezifesch Posts a Säiten.Link zum Plugin
Easy Table of ContentsFüügt eng Benotzerfrëndlech a voll automatiséierte Méiglechkeet bei, een aus dem Inhalt generéiert Inhaltsverzeechnis duerzestellen.Link zum Plugin
FlamingoEen Zousaz zum Contact Form 7 Plugin. Mat dësem Plugin ginn déi vum am Kontaktformular ausgefëllt Messagen och an der Datebank gespäichert a sinn iwwert den Adminberäich liesbar.Link zum Plugin
Font AwesomeDen offizielle Wee Font Awesome op sengem Site ze benotzen.Link zum Plugin
FooGallery (Premium)Dëst ass ee vun deene wéinege Plugins wou ech och soe bezuelbar Versioun ass dowert. Dëse Plugin ass geduert fir Fotoalben a Galerie duerzestellen an huet ganz vill Astellungen.
De beschten den ech bis dato fonnt hunn.
Link zum Plugin
Local Google FontsOch ee ganz wichtege Plugin wann een zum Beispill däitsch Leit uwiseiert.
Déi sinn nämlech total geckeg a verschécke Strof Fuerderunge vun Affekote well ee Google Fonts integréiert huet (ob kee Fall dorobber agoen) an der Säit. Wann een dann zum Beispill kee gudde GDPR Plugin hätt gëtt de Benotzer net gefrot ob en dat well oder net an da versteisst ee géint GDPR Gesetz well Google Fonts indirekt Date sammelt.
Virdeel mat dësem Plugin ass dass een déi Fonts da lokal gespäichert huet, also net um Server vu Google, a wann ee Benotzer dann och net wéilt dass ee Google Fonts benotzt bleift Säit awer mat dem gewielte Font liesbar.
Link zum Plugin
Loco TranslateFalls een emol eenzel Deeler vu Plugins oder vun engem Theme misst iwwersetze well et keng fäerdeg Iwwersetzung gëtt da kann een dëse Plugin hei benotzen.Link zum Plugin
Ninja TablesNinja Tables benotzen ech och an der bezuelte Variant well ech ganz vill mat Tabelle schaffen.
Wat dëse Plugin ka gesitt der grad an dëser Tabell hei lol 🙂
Link zum Plugin
Open Graph and Twitter Card TagsNieft Yoast ee ganz wichtegen SEO Plugin wann ee gären ob Social Media Inhalter deelt. Den aus dem Yoast ass net schlecht mä ech hat alt emol dass Biller net propper mat gedeelt goufen oder de falschen Text. Dëst ass mat dësem net de Fall.
OBGEPASST: Den aus dem Yoast Plugin muss dann desaktivéiert ginn - kritt een och eng Meldung dozou.
Link zum Plugin
OtFm Gutenberg SpoilerWei den Numm et seet - Et kann ee Spoiler Fënster maachen ob enger Säit oder engem Beitrag.
Spoiler Fënstere sinn am Prinzip verstoppten Texter, Videoen oder Änleches an nëmme wann den Notzer drop klickt (Iwwerschrëft) gëtt dat ganzt opgeklappt an ass sichtbar.
Link zum Plugin
Real Media Library (Free)Well ee säi Medien Dossier bëssi mei propper Verwalte mat zum Beispill Dossiere kann een dëse Plugin hei notzen. Gratis oder bezuelt ass do jidderengem iwwerlooss.Link zum Plugin
Recent Posts Widget ExtendedHeiansdo well ee bëssi mei Kontroll wann een déi aktuell Beiträg duerstelle loossen. Do kennt dann dëse Plugin a Spill.Link zum Plugin
Site Kit von GoogleStatistiken zu ärem Site per Google AnalyticsLink zum Plugin
Titan Anti-spam & SecurityEng zousätzlech Sécherheet falls der Kommentarfunktioun ob ären Site aktivéiert hutt...Link zum Plugin
UpdraftPlus – Sichern/WiederherstellenEng Datesécherung ass extrem wichteg a Leit jidderengem selwer an der Hand. Ären Hosting Provider mécht déi net fir Iech vun dohier kuckt ëmmer selwer eng ze maache.Link zum Plugin
W3 Total CacheEe Cache Plugin wou ech empfeele kann. Domadder ginn Zougrëffer ob är Säit beschleunegt.Link zum Plugin
Yoast SEOEng All-in-One Léisung fir Sich Engine Optimiséierung.
Ganz wichteg wann ee gutt well fonnt ginn an als Zousaz gimf ech nach den Open Graph and Twitter Card Tags benotzen da een domadder besser ob Sozialen Netzwierker deele kann...
Link zum Plugin
YotuWP - YouTube GalleryFalls ee gäre YouTube Videoe well duerstelle loossen (zum Beispill ganz Playleschten) ass dëse Plugin extrem nëtzlech.
Och ee vun deene wéinege wou ech mer kaaft hunn.
Link zum Plugin
Deelen ass erwënscht

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert